ProActif sicht schnellstméiglecht een:
Viraarbechter – Food-processing (m/w)
40 St./W. (Ref. MAR0324)
Loun laut Kollektivvertrag
Är Missioun
- Dir assuréiert Veraarbechtung a Produktioun vu Geméis an Convenience Produkter
- Dir organiséiert a plangt d'Aarbecht vun Ärer Equipe
- Dir sidd zoustänneg fir d’verschaffen a verpake vu Geméis/Präparatioun vun den deegleche Commanden
- Dir beherrscht d'Reegele vun der Hygiène an der Sécherheet an der Liewensmëttelproduktioun, esou wéi den HACCP Normen
Äre Profil
- Pedagogesch a relational Kompetenze fir mat Leit an der Reinsertioun ze schaffen
- Organisatoresch Kompetenzen
- Dir hutt d’Fäegkeet an enger multidisziplinärer Équipe ze schaffen
- Kenntnisser vun enger vun den übleche Sproochen
- Gültegen Führerschäin B
D'Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer un ProActif SIS S.àr.l., Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern oder per Email un jobs@proactif.lu ze schécken.