ProActif sicht schnellstméiglecht een:
Technesche Koordinator am Environnement (m/w)
40 St./W. (Ref. JAR0125)
Loun laut Kollektivvertrag
Är Missioun
- Dir assuréiert de Kontakt mat de Clienten, preparéiert d’Devisen, plangt, organiséiert a setzt verschidde Projeten am Beräich vun de Gréngflächen ëm; dorënner falen och Bësch- an Ëmweltverwaltung esou wéi d'Relations publiques
- Dir sidd zoustänneg fir verschidden administrativ Aufgaben (Aarbecht-s-Fichen, Akaf-s-bongen, Liwwerschäiner, Commanden, Rapporten, Evaluatiounen, asw.)
- Dir organiséiert a geréiert Aktivitéiten aus dem Service esou wéi och d'Formatioun vun den do affektéierte Leit
- Dir sidd diskret a beherrscht d'Reegele vun der Hygiène an der Sécherheet
Äre Profil
- Titulaire vun engem Diplom “Technicien en environnnement” oder equivalent, mat enger praktescher Beruffserfarung vun op mannst 3 Joer an dësem Beräich
- Pädagogesch a relational Kompetenze fir mat Leit an der Resozialiséierung ze schaffen
- Organisatoresch Kompetenzen a d’Fäegkeet eng Equipe ze féieren
- Mannschaftsgeescht an Eegeninitiativ
- Kenntnisser vun den übleche Sproochen
- Gültege Führerschäin B
D'Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer un ProActif SIS S.àr.l., Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern oder per Email un jobs@proactif.lu ze schécken.