An enger Welt, wou d’Aarbechtslosegkeet dacks zu Isolatioun a Verloscht u Selbstvertraue féiere kann, ënnerscheet sech ProActif duerch säin Engagement, den Aarbechtssichenden eng zweet Chance ze bidden. D’sozial Initiativ ProActif schafft enk mat der Agence pour le Développement de l’Emploi (ADEM) zesummen, fir den Aarbechtssichenden erëm an d’Gesellschaft z’integréieren, andeems si hinnen eng deeglech Routine an essentiel Beruffsfäegkeete mat op de Wee ginn, fir erëm an d’aktiivt Liewen an an d’Aarbechtswelt zréckzefannen.
Eng Mënschlech Missioun am Déngscht vun der Reinsertioun
ProActif schafft Hand an Hand mat der ADEM, déi eis déi Aarbechtssichend assignéiert, déi eng Begleedung brauchen, fir nees hir Plaz um Aarbechtsmaart ze fannen. Dank engem Aarbechtskontrakt vun enger maximaler Dauer vun zwee Joer hunn si d’Méiglechkeet, sozial, technesch an Sécherheetsformatiounen, Stagen an praktesch Erfarung um Terrain an an diverse Beräicher ze erhalen.
D’Initiativ beschränkt sech net nëmmen hinnen eng Aarbecht ze ginn, mee begleet all Beneficiaire op eng individuell Manéier, jee no sengem professionelle Projet. D’Beneficiairen ginn a verschiddene Servicer integréiert, wou si net nëmmen technesch Fäegkeeten léieren, mee och sozial Kompetenzen, déi essenziell fir eng erfollegräich Reinsertioun sinn. D’Zil ass kloer: D’Beneficiairen nees op de Wee vum Erfolleg ze bréngen, andeems si mat allen néidegen Mëttelen ausgerüst sinn, fir séier eng stabil Aarbecht ze fannen.
Eng Sozial a Berufflech Begleedung
D’Begleedung bei ProActif beschränkt sech net nëmmen op déi technesch Ausbildung. D’Betreiungspersonal besteet gréisstendeels aus spezialiséierten Erzéier, déi d’Missioun hunn, d’Beneficiaire ze stabiliséieren an si an hiren administrativen Demarchen ze ënnerstëtzen. D’Formatiounen enthalen och sozial Formatiounen wéi d’Aarbechtssich, d’Redaktioun vun engem CV, déi vun internen oder externen Formateuren jee no Besoin duerchgefouert ginn.
Eise Wee zum Erfolleg
Fir eng ëmfaassend an effektiv Begleedung ze garantéieren, bidden mir eise Beneficiairen:
- Spezialiséiert Formatiounen: Eis Formatiounsprogrammer sinn entwéckelt, fir den aktuellen Besoine vum Aarbechtsmaart gerecht ze ginn. Egal ob eis Beneficiaire nei Fäegkeete wëllen léiere oder déi besteeënd verbesseren, eis Formatioune bereede si op déi berufflech Erausfuerderungen vir.
- Praktesch Stagen: An Zesummenaarbecht mat lokale Betriber bidden mir Stage un, déi eise Beneficiairen erlaben, hir Kenntnisser an engem realen Ëmfeld unzewenden. Dës Erfarungen sinn dacks d’Sprangbriet zu enger stabiller Aarbecht.
- Projeten um Terrain: Si kënnen un konkrete Projeten deelhuelen, déi hinnen erlaben, hir Fäegkeeten ze demonstréieren an sech bei potenziellen Patron’en ervirzehiewen. Et ass déi perfekten Geleeënheet ze weisen wat si kënnen a wat si alles geléiert hunn.
Eng Panoplie vu Servicer
ProActif bitt eng breet gefächert Unzuel vu Servicer un, souwuel fir Privatpersounen wéi och fir Betriber, Gemengen oder Syndikater:
- Gaardenaarbecht: Ënnerhalt, Kreatioun an Amenagement vun de Gréngflächen.
- Botzen: Expertise am Botzen vu private Wunnengen, ëffentleche Räim an Gebaier.
- Schräinerei a Schlässerei “Aus eisem Holz”: Lokal produzéiert Holzprodukter mat Méiglechkeet vun sur Mesure Aarbechten.
- Steemetzer- an Usträicheraarbechten: Steemetzer- an Usträicheraarbechten wéi och kleng Reparaturaarbechten.
- Produktioun a Veraarbechtung vu Friichten a Geméis “Aus eisem Gaart”: Produkter, déi op de Felder vu ProActif ugebaut oder vu lokalen Baueren hiergestallt ginn, gi suergfälteg recoltéiert, gewäsch, geschnidden a vakuumverpaakt.
- Restaurant “Zopp & Z’iessen”: Befënnt sech am Zoning zu Contern. De Restaurant ass bekannt fir seng hausgemaachte Platen, déi een op der Plaz oder am Shop fir matzehuelen kafen kann.
All Service, deen ProActif ubitt, setzt op Qualitéit an soziaalt Engagement, fir souwuel den individuellen Besoine vun de Clienten gerecht ze ginn a gläichzäiteg déi weiderbilden’d Experienz de Beneficiairen un ze bidden.
En Engagement, dat Friichte dréit
Duerch d’Kombinatioun tëschent enger staarker sozialer Visioun an den verschiddenen professionellen Leeschtungen, etabléiert sech ProActif als en onverzichtbare Acteur vun der berufflecher Reinsertioun zu Lëtzebuerg. Andeems si eng reell Chance u Persounen an Schwieregkeeten ubidden a qualitativ héichwäerteg Servicer proposéieren, beweist ProActif, dass et méiglech ass, sozial Leeschtung a technesch Effizienz ze verbannen.
Fir d’Beneficiaire ass d’Erfarung bei ProActif méi wéi nëmmen e berufflecht Sprangbriet. Et ass eng Geleeënheet, hiren Wee an d’Gesellschaft erëm ze fannen an aktiv zu hirer Entwécklung bäizedroen.
Bezüglech den Clienten, egal op privat oder professionell, kënnen si drop zielen e qualitativen a gläichzäiteg e mënschlechen Service an Usproch ze huelen.
Duerch seng Missioun an säin Engagement weist ProActif dagdeeglech, datt mat Engagement a Begleedung jiddereen säin berufflechen Wee erëmfanne kann.
Loscht, Deel vun eiser sozialer Missioun ze ginn? Andeems Dir op ProActif zeréckgräift, ënnerstëtzt Dir e Projet, deen de Beneficiairen hëlleft, erëm an d’aktiivt Liewen zréckzefannen an dacks och an d’Liewen selwer!
Bereet eng inspiréierend Erfollegsgeschicht ze entdecken? Klickt hei: