ProActif ass eng sozial Initiativ, déi sech fir d’sozial-professionell Reintegratioun vun Aarbechtssichenden asetzt, déi vun der ADEM an Zesummenaarbecht mam Ministère du Travail bei eis geschéckt ginn. Eist Engagement weist sech duerch eng breetgefächerte Formatiounsoffer, Stagen bei Entreprisen, enger Unzuel vu Servicer a verschiddenen Beräicher an den Encadrement vun erfuerenen Experten aus dem jeeweilege Beruff – souwuel am sozialen wéi och am professionelle Beräich. D’Zil ass et, d’Kompetenzen vun de Beneficiairen z’entwéckelen an hir Chancen um Aarbechtsmarché ze verbesseren.
Eng global Ënnerstëtzung fir eng erfollegräich Reintegratioun
D’Beneficiaire hunn ënnerschiddlech Bedierfnesser am Kontext vun der professioneller Integratioun. Fir hinnen gerecht ze ginn, ginn Aarbechtsverträg mat enger Dauer vun bis zu zwee Joer ugebueden, begleet vun engem individualiséierte Formatiounsplang an enger ugepasster sozial-professioneller Ënnerstëtzung. Fir eng efficace Reintegratioun ze garantéieren, bitt ProActif :
- Qualifizéierend Formatiounen: dëst sinn un d’Ufuerderungen vum Aarbechtsmarché ugepasst an erméiglechen esou de Beneficiairen nei Kompetenzen bäizebréngen oder déi besteeënd ze verbesseren.
- Stagen an enger Entreprise: An Zesummenaarbecht mat lokalen Partner ginn d’Beneficiairen an den Alldag vu Betriber integréiert, fir eng reell Aarbechtserfarung ze kréien an hir Employabilitéit ze stäerken.
Eng breetgefächert Offer un Déngschter fir jiddereen
Duerch déi verschidde Beruffsaktivitéiten, déi mir ubidden, entwéckelen d’Beneficiairen net nëmmen hir Kompetenzen, mee sammelen och sënnvoll a praktesch Erfarungen, déi hinnen eng méi stabil Zukunft um Aarbechtsmarché erméiglechen. Eis Déngschtleeschtungen riichten sech u Privatpersounen, Betriber a Gemengen :
- Gaardenaarbecht: Ënnerhalt, Kreatioun an Amenagement vun de Gréngflächen
- Botzen: Interventiounen bei Privatleit, ëffentleche Plazen a Gebaier
- Schräinerei a Schlässerei “Aus eisem Holz”: Lokal Fabrikatioun vu personaliséierte Holzprodukter
- Steemetzer- an Usträicheraarbechten a polyvalent Aarbechten: Renovatiouns- a Verschéinerungsaarbechten
- Produktioun a Transformatioun “Aus eisem Gaart”: Lokal ugebauten‘t Uebst a Geméis, recoltéiert, gewäsch, geschnidden a vakuumverpaakt
- Restaurant “Zopp & Z’iessen”: Befënnt sech zu Contern a bitt hausgemaachte Platen un, fir se direkt ze genéissen oder fir matzehuelen
- Erhalung vum Lëtzebuerger Patrimoine: Aktiv Participatioun vun der Erhalung a Valorisatioun vum kulturelle Patrimoine
Duerch dës Aktivitéiten dréit ProActif aktiv zur berufflecher Reintegratioun vun den Beneficiairen bäi a leescht gläichzäiteg e wäertvolle Bäitrag zu der sozialer Wiertschaft.
Eng sozial Missioun am Déngscht vun der Allgemengheet
D’Kombinatioun vu sozialem Engagement a professionellem Wëssen spillt eng entscheedend Roll an der berufflecher Reintegratioun zu Lëtzebuerg an weist, datt et méiglech ass, sozial Missiounen an ëffentlech Déngschter fir d‘Allgemengheet ze verbannen.
Fir d’Beneficiaire ass ProActif vill méi wéi just e berufflecht Sprangbriet. Et ass eng nëtzlech Erfarung, déi hiert Selbstvertrauen fërdert a si motivéiert, aktiv un der Gesellschaft deel ze huelen. Fir d’Clienten ass et e qualitativen Service, dee gläichzäiteg zu engem positiven sozialen Impakt bäidréit.
Andeems Dir op ProActif zeréckgräift, hëlleft Dir deenen Hoffnung zeréckzeginn déi et oftmools am meeschten brauchen.
Entdeckt de Parcours vun eise Beneficiairen hei :