Regional, saisonal, sozial.
ProActif, den Heederhaff an d’Provençale dinn sech zesumme fir zu Lëtzebuerg héichwäertegt Geméis ze produzéieren a bei de Konsument ze bréngen. Eng Zesummenaarbecht « mat Hand an Häerz ».
Et sinn dräi gutt bekannten Acteuren, déi vum Oktober 2020 un zesummeschaffen, fir de Lëtzebuerger Marché mat héichwäertegem Geméis ze versuergen : ProActif, eng Associatioun déi Leit déi hiren Job verluer hunn hëlleft nees zeréck op den Aarbechtsmaart ze kommen, den Heederhaff, e landwirtschaftleche Familljebetrib, an d’Provençale, dee gréisste Liewensmëttel-Grosist zu Lëtzebuerg.
Et ass ënnert dem Markennumm « Aus eisem Gaart » wou d’Produkter vun dëser Zesummenaarbecht ugebuede ginn, a bei deenen nächste Recolten a ville Supermarchéen an Epicerie wäerten ze fanne sinn. Natierlech kënnen och Restauranten a Kantinnen déi Produite bei der Provençale bestellen, oder se an hirem Cash&Carry zu Leideleng kafen.
Éischtklasseg Produkter
Et erkennt een d‘Geméis « Aus eisem Gaart » um Logo mat der Géisskan, deen den traditionellen Ubau zu Lëtzebuerg symboliséiert. Et wäert een do Zaloten, Tomaten, Kürbissen, Kornischongen a villes méi fannen. En Deel dovun entsprécht de Critèrë vum Bio-Ubau an huet och déi entspriechend Zertifikater, wat duerch de grénge Logo mat der Mentioun Bio erkenntlech ass. Bei deenen anere Produkter, déi op Basis vun der integréierter Landwirtschaft produuzéiert ginn, ass d’Géisskan am Logo blo. Och déi si vun allerbeschter regionaler Qualitéit, frësch vum Feld, mat kuerzen Transportweeër.
D’Felder vun « Aus eisem Gaart » leien an de Géigende vun Duelem, Contern, Biereng a Munneref, a maachen alles an allem ronn 14 ha Land aus. Dorop schaffen eng 50 Leit, dovunner ronn 40 Leit déi an enger Beschäftegungsmesure sinn. « Duerch den Zesummeschloss mam Heederhaff hu mir déi richteg Gréisst kritt fir de Lëtzebuerger Marché quantitativ a qualitativ richteg ze bedéngen », sou de François Georges, Direkter vu ProActif. « Dëst weist d’Bestriewe vu ProActif fir engersäits eis sozial Roll bei der Reduktioun vum Chômage ze spillen, an anerersäits e gudden a zouverlässege Fournisseur ze sinn, dee mat héichwäertege Produkter an Déngschtleeschtungen erfollegräich um Lëtzebuerger Maart ass. »
Eng sënnvoll Partnerschaft
Och d’Provençale gesäit e grousse Potential an dëser neier Zesummenaarbecht. « Mir si frou, an dëser neier Zesummenaarbecht d’Distributioun vun der Mark « Aus eisem Gaart » kënnen ze assuréieren », seet de Georges Eischen, Associé-Gérant vun der Provençale. « Mir hu mat ProActif e weidere Partner fonnt, deen eis déi Produkter ka liwweren, déi mer fir eis Clientë brauchen, an deen dozou nach déi sozial Dimensioun am Interêt vum Land matbréngt. ».
Contern, Novembre 2020
A propos vun …
- ProActifs.b.l. ass eng Initiativ fir Leit, déi an de Chômage gefall sinn, ze hëllefen, nees op den Aarbechtsmaart ze kommen. Zënter 1998 gi bei ProActif, an Zesummenaarbecht mat der Adem, Leit forméiert an an den Aarbechtsprozess zeréckgeféiert, dat a verschiddene Beruffsfelder, dorënner den Ubau vun Uebst a Geméis. Duerch den Zesummeschloss mam Heederhaff konnt ProActif seng Ubaufläch praktesch verduebelen, wat hinnen erlaabt, ëmsou méi Leit eng Aarbecht an Zukunftsperspektiv ze bidden.
- Den Heederhaff ass e landwirtschaftleche Familljebetrib, deen zënter 2014 Geméis an Pouleten produzéiert. Ënnert der Leedung vum Tom Jungblut huet den Haff sech och e gudde Numm an der Gastronomie gemaach. Sou fënnt een d’Wueren vum Haff schon méi laang iwwert d‘Provençale a ville Restauranten am Land.
- D’Provençale huet sech säit hirer Grënnung 1969 zum gréisste Lëtzebuerger Grosist am Liewensmëttelberäich entwéckelt. Si hunn hir eegen Halen zu Leideleng a beliwwere mat ronn 150 Camionen nieft Supermarchéen an Epicerien och vill Restauranten, Hotellen a Kantinnen am ganze Land an doriwwer eraus.
- Aus eisem Gaart ass eng agedroe Mark vu ProActif a.s.b.l. Si steet fir Geméis vun héijer Qualitéit aus regionalem a saisonalem Ubau, mam Asaz vu Leit déi hir Aarbecht verluer hunn an iwwert dee Wee eng nei Zukunftsperspektiv kréien.