ProActif sicht schnellstméiglecht een:
Sécherheetsbeoptragten (m/w)
40 St./W. (Ref. ADM0224)
Loun laut Kollektivvertrag
Är Missioun
- Allgemeng Iwwerwaachung vun den gesetzlechen a reglementaresche Bestëmmungen iwer d’Sécherheet an d’Gesondheet op der Aarbechtsplaz an Sécherstellung dass së vun den Mataarbechter respektéiert ginn, esou wéi d’Hëllef a Berodung fir operationell Responsabel
- Verwaltung vun Accidenter op der Aarbecht a Beruffskrankheeten esou wéi Opstellung vun Sécherheetsstatistiken
- Realisatioun vun Audit’en & Visiten op den Schantercher duerchféieren
- Empfang, Formatioun an Sensibiliséierung vun den Aarbechter
Äre Profil
- Grupp C4, eng technesch oder industriell Ingenieur’s Qualifikatioun
- Dir sidd eng Persoun déi gären um Terrain schafft an hutt eng bedeitend Erfahrung mat Schantercher
- Déifgräifend Kenntnisser am Beräich Sécherheet a Gesondheet op der Aarbechtsplaz, op Base vun Reglement Grand-Ducal an den Ufuerderungen vun der AAA am Zesummenhang mat der Aktivitéit
- Kenntnisser vun den übleche Sproochen
- Autonom schaffe kënnen, flexibel an verantwortungsbewosst sinn
- Eegeninitiativ an eng aktiv Kommunikatioun
- Titulaire vum Führerschäin B
D'Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer un ProActif SIS S.àr.l., Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern oder per Email un jobs@proactif.lu ze schécken.