Dir wëllt eng gesond an ausgeglachen Moolzecht zou Iech huelen, mee hutt keng Zäit stonnelaang ze kachen ?
Vun der Zopp bis zum Dessert ass an eisem Restaurant Zopp an Z’iessen alles hausgemaach. Eis Plat’en ginn mat frëschen, regionalen an saisonalen Zutaten preparéiert, déi aus eisem eegenen Bioubau stamen. Och eist Fleesch kafen mir esou gutt wéi méiglech regional an.
Den Restaurant ZaZ gëtt vun Professionellen aus der Restauratioun sou wéi och vum Personal vun ProActif geréiert.
Mir këmmeren eis em déi ganz Produktiounsketten :
- Friichten an Geméis aus eisen eegenen Gäert
- D’Liewensmëttel ginn an eiser Kichen preparéiert
- Mir suergen fir den Service un Dësch falls Dir wëllt op der Platz iessen
Mir verkafen eis Plat’en awer och fir matzehuelen : Bagels, Sandwich, Zalot, Focaccia oder och Plat du jour.
Dir wëllt méi iwwert eisen Restaurant wëssen oder bis laanscht kommen ? Besicht eisen Site zaz.lu.